Note sull'episodio
De Problem vun der Gynekologescher Gewalt an der Gewalt wärend der Gebuert betrëfft eng Abberzuel u Persounen, déi sech a Momenter vun extremer Vulnerabilitéit engem onwierdegen Ëmgang ausgesat gespuert hunn, souguer Gewalt oder aner Muechtmëssbräich ausgeliwwert waren.
Dës Table Ronde huet gewisen, dass et sech hei em e ganz prekäre Sujet handelt, deen nach vill Gespréichsbedarf opweist an e Raum dofir brauch. Dëst Gespréich war en éischte Schratt.
Un der Table Ronde hunn deelgeholl: d'Laura Hendriks (Sexologin), d'Natascha Bisbis (Doula), d'Yolande Klein (ASFL) an den Dr. Marc Peiffer (Gynekolog, SLGO). Moderéiert huet d'Nora Schleich.
Produktioun an Intro: Yannick Fella