Notas del episodio
Krankheet? Doud? Stierwen? – Dat si keng Themen, iwwer déi een onbeschwéiert schwätzt. Heiansdo këmmert een sech och léiwer net ze vill dorëm. Mee et kommen awer Momenter am Liewen, do ass et onëmgänglech. Vläicht gëtt een, deen eis nosteet, ee Familljemember, schwéier krank, vläicht mir selwer, a wéi kann een dann déi lescht Momenter am Liewe gestalten, sou dass Autonomie a Würd vum Mënsch beuecht ginn?
Iwwert dës a vill weider Froen hunn diskutéiert: de Palliativmediziner Dr. Bernard Thill, d’Nicole Weis (Directrice Omega90), d’Martina Thill (Psychologin Omega90) an de Roland Kolber (Mäi Wëlle Mäi Wee). Moderéiert huet d'Nora Schleich (EwB).
Produktioun an Intro: Yannick Fella