Notas del episodio

Iessen ass fir vill Leit selbstverständlech, mee fir anerer e richtege Problem, dee grave kierperlech Folge kann hunn. Wat awer eng Iessstéierung ass, oder wéini et eng ass, ass net kloer. Et ass fir de Betraffene selwer schwéier ze gräifen a fir baussestoend Leit nach vill méi.

Mir hu mam Pannel aus 4 Experten a mam engagéierte Publikum d’Thema Anorexie a Co. reflektéiert, Erfarungen ausgetosch an den Tabu e bëssen enttarnt.

Ëm den Dësch sëtzen d'Céline Genson (Diéticienne), d'Claudia de Boer (Psychotherapeutin), Gaby Stein (Mamm vun enger fréierer Betraffener) an de Steve Goerend (fréieren Betraffenen).

Moderatioun: Nora Schleich

Produktioun an Intro: Yannick Fella

Palabras clave
LuxemburgEssstörungenAnorexieBulimieTabuEating disordersBinge eating disorder