Episode notes
Dass d’Logementssituatioun zu Lëtzebuerg net déi beschten ass, ass keng erstaunlech Neiegkeet. Dass Wunnalternativen awer just schwéier Fouss ze faasse schéngen, ass dogéint awer scho befriemlech.
An dësem Moment misst et nämlech grad sou sinn, dass aner Wunnformen ënnert d’Äerm gegraff kréien, fir sou zu enger Entspanung um Wunnmarché ze féieren a fir Alternativen zur „normaler“ Eenzelwunneng oder dem Eegenheem méi bekannt ze maachen.
Gemeinschaftlecht oder alternatiivt Wunnen huet nämlech eng sëllege Virdeeler an ass eng produktiv a proaktiv Äntwert op dës Zäit, wou Raum a Ressourcë knapps ginn.
Impuls: Antoine Paccoud (LISER), op Franséisch
Um Podium: Marthy Anne Becker (Beienhaus asbl), Gary Diderich (LIFE asbl | de WG Projet), Céline Zimmer (Architektin a Fuerscherin)
Moderatioun: Nora Schleich
Produktioun ...