Episode notes
Stereotypesch Representatioune vu Mann a Fra ginn et scho laang. Mee wärend hartnäckeg dru geschafft gëtt, mat Klischeeën opzeraumen a Gläichberechtegung liefbar ze maachen, fënnt online e ganz anere Kampf statt. An dëser Table Ronde hu mir eis mat toxesch Genderrepresentatiounen am Internet beschäftegt. Et goung ëm Analys, kritescht Denken, praktesch Hëllef a Präventioun.
Um Dësch soutzen:
· d’Esin Göksoy vum CID | Fraen an Gender
· den Alex Carneiro vun infoMann
· d’Karin Weyer vu respect.lu
· d’Charlotte Pull vum ZEV | Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht.
· Moderatioun: Nora Schleich (EwB)
Den Owend huet a Kooperatioun mam CID | Fraen an Gender, infoMann, respect.lu an dem ZEV stattfonnt. Mat der Ënnerstëtzung vun der Œuvre Nationale.
Produktioun an Intro: Yannick Fella