Episode notes
Bei dëser Table Ronde geet et ëm vill, nämlech ëm Formen, Modeller, Iddien, wéi eng Ausbildung ausgesi soll a kann. Den traditionelle Schoulsystem gëtt et jo eigentlech net méi, oder dach? Alternativen dozou etabléieren sech, mee ginn deelweis awer nach ëmmer als Ausnam gehandelt.
Mee wat ass dann eigentlech d’Roll vun der Schoul? Wien entscheet, wat se ze leeschten huet? Si mer do politesch ënnerwee, oder sträife mer och aner Beräicher? A geet dat net och anescht?
Et diskutéieren: Johny Diderich (Selbstbestëmmt Bildung), Philippe Demart (Lycée Ermesinde), Manou Worré (ZpB, Léieren duerch Engagement), Luc Weis (Script) – a vill Persounen aus dem Publikum.
Moderatioun: Nora Schleich
Produktioun: Philippe Reuter & Yannick Fella
Kooperatiounspartner: forum, ZpB, UP Foundation
... Read more