Notas del episodio
An dëser Episod schwätze mir mam Stéphane Colling an Sharon El Bahri vum Hariko-Projet vun der Croix-Rouge iwwer Konscht, Musek an Danz als Mëttel fir Inklusioun a Selbst-Ausdrock. Mir entdecken, wéi kreativ Fräiräim fir Jonker sozial Transformatioun kënnen bewierken a wéi Hariko zu Esch an zu Ettelbréck jonke Leit eng Stëmm gëtt an sie an hierem Alldag ënnerstëtzt.
Muséksrecommandatioun:
Wildflowers & Wine - Marcus King
Hu Man - Greentea Peng
Palabras clave
inclusioncreativitypodcastluxembourg